eis Visiteuren

Counter

Gemengerot November 2022

vun lénks no riets: Liliane Ries, Nico Welsch, Nora Forgiarini, Vic Back, Jean-Paul Jost, Serge Thein, Alie Altmeisch, Jean-Pierre Kaufmann, Gilles Altmann, Claude Marson (net op der Foto Serge Eicher)

Gemengerot September 2019



01/04/2019 Serge THEIN // Vereedegung -- Assermentation

Enn Mäerz 2019 huet de Vic BACK aus gesondheetlechen Grënn säin Posten als 2ten Schäffen missen opginn. De Vic mécht awer als Gemengeconseiller weider.

Den 1 Abrëll ass den Serge THEIN vun der Madame Innenminister Taina BOFFERDING als Schäffen vereedegt ginn.

Fin mars 2019 Monsieur Vic BACK a dû renoncer à son mandat d'échevin pour des raisons de santé. Vic continuera son mandat comme conseiller communal.

En date du 1 avril, Madame la Ministre Taina BOFFERDING a assermenté Monsieur Serge THEIN comme échevin communal.

26/09/2018 Alie Altmeisch-Broekman // Vereedegung -- Assermentation

Uganks September 2018 huet de Claude Theisen säin Mandat leider aus gesondheetlechen Grënn missen nidderleeën, den 26ten vum selwechten Mount ass d' Alie vum Buergermeeschter Jean-Paul JOST als Gemengeconseillere vereedegt ginn.

Début septembre 2018 le Monsieur Claude Theisen a dû renoncer à son mandat de conseiller au sein du conseil communal, ceci malheureusement pour des raisons de santé.

En date du 26 septembre Monsieur le Bourgmestre Jean-Paul JOST a assermenté Madame Alie Altmeisch- Broekman comme conseillère communale.


17/07/2013 Claude Theisen // Vereedegong -- Assermentation

den 17 Juli 2013 ass de Claude Theisen (Bib) vum deemolegen Buergermeeschter, dem Här Nicolas Welsch als Gemengenconseiller vereedegt ginn.

en date du 17 juillet 2013 Monsieur le Bourgmestre Nico Welsch a assermenté Monsieur Claude Theisen comme conseiller communal.


07/2013 Marc Lamesch // trëtt zeréck -- démissionne

Aus perséinlechen Grënn ass de Marc Lamesch vu sengem Mandat als Gemengeconseiller am Juli zeréckgetrueden. Hien war ee vun den Grënner an eng dreiwend Kraaft bei de Schëtter Bierger, an huet d’ SB beschten s am Gemengerot vertrueden.

Duerch seng Sachkenntnis an seng laang Erfahrong huet Hien mat sengem Engagement entscheedend zur positiver Entwécklong vun der Schëtter Gemeng bäigedroen.

d’ Schëtter Bierger soen eisem Kolleg villmools Merci fir säin laangjäregt Schäffe am Interessi vun der Allgemengheet a wënschen Him vun dëser Platz aus Guddes fir seng Zukunft.

Pour des raisons personnelles Marc Lamesch a démissionné en juillet de son mandat de conseiller communal.

Marc était l’un des fondateurs des “Schëtter Bierger” et nous représenté dignement au conseil au cours des dernières années. Grace à ses connaissances et à son expérience il a contribué considérablement au développement positif de notre commune.

Nous remercions notre collègue et copain sincèrement pour son engagement dans l’intérêt de la commune et lui souhaitons tout le meilleur pour son avenir.

Memberen vum Gemengerot 11/2022